Skip to content

Gemengewal 2023

Mir sinn ENGAGÉIERT FIR RÉIMECH

D’CSV Réimech wëll Iech hir Kandidaten fir d‘Walen vum 11. Juni 2023 kuerz virstellen.

Mir denken, dass mir et fäerdeg bruecht hunn, eng gutt Equipe, ugefouert vun eiser Sektionspresidentin a Schäffin Rita Wallerich an dem Gast Thiel, Member vum Gemengerot, ze presentéieren. Eis Kandidaten si kompetent a representéieren all Schichten vun den Awunner vu Réimech. 

Mir hoffen, dass Dir eis Äert Vertrauen schenkt an mir sinn gudder Deng, dass mir mat Ärer Hëllef den
11. Juni Réimech eng gutt Zukunft kënne bidden.

Rita Wallerich

63, Schäffin

Mäin Numm ass Rita Wallerich an ech hunn 63 Joër
Réimech ass fir mech méi ewéi meng Heemecht an dofir läit et mir um Häerz alles ze gi fir meng Stad an seng Bierger.
Ufank 2022 gouf ech gefrot, ob ech wéilt Member am Réimecher Schäfferot ginn. Et war mir direkt kloer, dass ech
déi Erausfuerderung misst unhuelen.
Säitdeem hunn ech mech och scho vill fir d’Stad Réimech agesat. Fir mech steet d’Liewensqualitéit vun all eise Bierger, op jonk oder al, ganz uewen op der Lëscht. Duerch eng responsabel Verkéierspolitik, duerch Investitiounen an nohaltegt Wunnen, d’Schoulwiesen an an d’Sécherheet, duerch d’Stäerke vun eisem Veräinsliewen, duerch interessant Initiativen a Kultur a Sport an dozou deen néidegen Benevolat, duerch eng innovativ Klimapolitik, wäerte mir zesummen d’Liewensqualitéit weider erhéijen an nach vill fir Réimech erreechen.
Aus dësem Grond hoffen ech, dass Dir mir och an Zukunft nach d’Geleeënheet wäert ginn, mech fir Réimech a seng Bierger anzesetzen a Léisunge fir är Problemer ze fannen.

Gaston Thiel

73, Gemengerot

Mäin Numm ass Gaston Thiel. Zanter 1974, als Fonctionnaire am Déngscht vun der Gemeen Réimech, hunn ech a meinem laangen Beruffsliewen vill Projeten ausgeschafft a grouss Projeten als Vertrieder vun der Gemeen matbegleet.
Esou soen ech dem Wieler Merci, dat ech no mengem aktiven Déngscht no de Walen vun 2011, op der Säit vun der Politik vun 2011-2017 als 1.Schäffen, an duerno am Gemengerot bis elo, mech vir ons Stad Réimech konnt asetzen an dëst hoffentlech och zukünfteg maachen däerf.
Dofir, Merci fir äert Vertrauen.

Nico Reiners

58, Rentner

Mäi Numm ass Nico Reiners. Ech hunn 58 Joer a si bestuet. Nodeems ech bal 39 Joer op der Schléiss zu Stadtbredimus geschafft hunn, sinn ech zënter dem 01.08.2022 an der Pensioun.

Ech well mech fir Réimech an de Beräicher Moderniséierung, Trafic, Sécherheet an Héichwaasserschutz engagéieren.

D’Verbesserung vun der Liewensqualitéit an eiser schéiner Stat läit mir um Häerz. Dëst si wichteg Themen, fir déi ech mech wëll asetzen.

Dofir hoffen ech, dass dir mir den 11. Juni Äert Vertrauen schenkt, fir aktiv un der Realisatioun vun dësen Ziler matzeschaffen.

Jean-Pierre Schengen

59, Indépendant

Mäin Numm ass Schengen Jean-Pierre, de Jempy, ech si 59 Joer jonk, bestued an Pap vun véier Kanner an elo säit kurzer Zäit och Bopi.
Ech si selbstännegen Handwerksmann an hunn mat mengem Brudder en Zammermann an Daachdecker Betriib hei zu Réimech op der Kopp.
Schonn als jonke Käerel hunn ech mech staark vir Reimech a seng Bieger interesséiert an abruet. Ob als Member vun der Schoul- an Bautenkommissioun, Elterenvertrieder an der Schoul oder am Verwaltungsrot vum Hospice.
Säit kurzem sinn ech Grënnungsmember vun der Energie Kooperative vum Kanton Réimech, hei promovéiere mir erneierbar Energie. Dëst esou dat jiddereen kann mat maachen eng besser Zukunft vir eis Kanner ze schaffen.
Ausser menger Passioun vir mäin Beruff hunn ech nach zwee Hobbien dei mer wichteg sinn. Pompjëeen an Danzen. Als President vun der Amicale vum CIS REIMECH kann ech mech och no menger aktiver Zäit weider fir eis Pompjeeën asetzen.

Tania Martins

34, Educatrice

Als stolz Awunnerin vu Réimech, stellen ech mech op fir dozou bäizedroen, dass eis Gemeng sech weiderentwéckelen kann.
Falls dir mech nach net gesinn hutt, entweder am Theater oder duerch d’Cavalcade, hei sinn ech: Mäi Numm ass Tania, ech hunn 34 Joer a sinn Erzéiherin vun Beruff. Och do besteet meng Aufgab doranner Mënschen déi néideg Ënnerstëtzung ze ginn. Am beschten esou dass all eis Matbierger esou selbstänneg wéi méiglech, an no hiren individuellen Virstellungen an eiser Gesellschaft zesumme liewen kënnen.
Meng Prioritéit a meng Haaptmotivatioun ass mäi klengen Bouf, fir deen ech eng attraktiv a sécher Politik an eiser Gemeng schaafen wéilt.

Yoann Freitas

26, Salarié V.d.Remich

Ech sinn den Yoann Freitas, 26 Joer jonk a vun Beruff geléierten Landschaftsgäertner. Duerch mäi Beruff sinn ech e Frënd vun der Natur a mir leit den Ëmwelt- an Naturschutz besonnesch um Häerzen. Duerfir laut mäi Motto, den Ëmwelt- an Naturschutz an eiser Gemeng aktiv z’ënnerstëtzten, dofir stinn ech a mengem Alldag. Ech setze mech weiderhin fir eng nohalteg Ëmweltpolitik an eiser Gemeng an.

Miguel Beco

57, Maître d’Hôtel

Je m‘appelle Miguel Beco (57) et j‘habite à Remich depuis 2014.  Au cours de ces années j’ai appris à beaucoup apprécier la beauté de Remich et de ses habitants.

Grâce à mon travail comme Maître d‘Hôtel je suis une personne très passionnée, consciencieuse et attentive.
Pour ces raisons je me suis engagé cette fois ci à nouveau auprès du CSV et j‘aimerai bien représenter vos intérêts quotidiens avec bienveillance et toute ma conviction.

Diana Tapé

37, Indépendante

Je m’appelle Tapé Diana Marie Christelle, j’ai ai 38 ans. Je suis une Africaine d’origine ivoirienne et j’ai immigré au Luxembourg il y a deux ans avec ma famille. Je suis une designer et coach professionnelle passionnée .
Mon désir de m’engager dans la vie politique de Remich est motivé par ma passion pour l’amélioration de la qualité de vie des populations. Je crois que chaque habitant mérite de se sentir bien, peu importe ses origines ou ses circonstances.
En outre, je suis une fervente défenseure des valeurs pour notre jeunesse et notre société.
Enfin, je voudrais souligner que mes origines et mon expérience en tant que designer et coach professionnelle me donnent une perspective unique sur les défis auxquels notre communauté est confrontée. Je suis convaincue que ma créativité, mes compétences en matière de planification et de mise en œuvre de projets, ainsi que mon expérience en développement communautaire, me permettront de contribuer de manière significative au développement de Remich.

Marco Lehmann

35, Ingénieur

Ich heiße Marco Lehmann und bin 35 Jahre alt. Ich wohne seit 5 Jahren in Remich und bin Vater einer kleinen Familie.

Die idyllische Lage unserer schönen Stadt hat mich damals überzeugt hierher zuziehen. Nun möchte ich der Stadt etwas zurückgeben und mich für die Belange der Bürger hier einsetzen.

Beruflich bin ich Maschinenbauingenieur und bringe somit viele neue Ideen für einen sicheren lokalen Nahverkehr mit ein. Als Familienvater liegt mir ebenfalls, dass Wohl und die Freizeitgestaltung unserer kleinen Mitmenschen am Herzen.

Sonia Moreira

46, Conductrice de bus

Mäin Numm ass Sonia Moreira, ech wunne säit 25 Joer zu Réimech a si glécklech Mamm vun 2 Jongen. Ech hunn eng sensibel awer trotzdeem ganz staark Perséinlechkeet, déi sech gär voll a ganz fir seng Matmëschen asetzt. Dës Responsabilitéit versichen ech och all Dag a mengem Beruff als Buschauffesch virzeliewen.

Duerch mäi politescht Engagement géing ech gären dobäi hëllefen eis Stad permanent weider ze entwéckelen, sou dass meng Kanner sech och an de kommende Joren hei zu Réimech wuelfillen a perséinlech wuesse kënnen.

Vun dohier ass et fir mech eng grouss Freed mech och vläicht zukünfteg, am Numm vun der CSV a mat voller Iwwerzeegung, fir eis Stad kënnen ze engagéieren.

Ech soen iech am viraus schonn emol villmools Merci fir äert Vertrauen.

Tom Pauly

35, Salarié

Main Numm ass Tom Pauly an ech hunn 35 Joer. Wunnen dinn ech zu Réimech scho vun Ufank un an ech géing mech zukünfteg ganz gären fir d’Réimecher Bierger annhir Interesse staark maachen.

Ech schaffen zu Diddeleng an den Ateliers Kräizbierg an niewebäi hunn ech zënter méi wéi 3 Joer och mäin eegenen Grafik Ateliers hei zu Réimech.
Donierft sinn ech awer och Member vun zwee Verwaltungsréit (Fondatioun Kräizbierg & Fondatioun Wonschstär) an och a verschidde Veräiner an eiser Stad aktiv. Säit kuerzem dierf ech och d’Funktioun vum Präsident vun der Jugendkomissioun ausüben a mech nach eng Zäitchen fir eis Réimecher Jugend asetzen.
Meng Haapt Ziler sinn et d’Attraktivitéit fir den Tourismus an de Commerce vun eiser Stad ze stäerken. Dobäi soll een d’Liewensqualitéit vun all eise Bierger ob jonk oder al berücksichtegen a mat neien infrastrukturelle Projeten verbesseren. Och all eis Veräiner sollen a mussen zukünfteg déi néideg Ënnerstëtzung kréien fir all de Réimecher flott Fräizäitaktivitéiten unzebidden.

Downloads

Hei kennt Dir eis verschidde Publikatiounen erof lueden.

Kandidaten Flyer

Eise Walprogramm 2023