Skip to content

Léif Réimecher

„Kann ech dat? Soll ech dat? Däerf ech dat?” Dat sinn déi Froen, déi ech mir Ufank 2022 NET stelle wollt, wéi ech gefrot gi sinn, ob ech wéilt Member am Réimecher Schäfferot ginn. Et war mir direkt kloer, dass ech déi Erausfuerderung misst unhuelen. Firwat? Well et dobäi em meng Heemecht gaangen ass, em meng Stad Réimech.

Zënterhier ass vill Waasser d’Musel erofgelaf, ech hu vill bäigeléiert, an ech hunn mech och scho vill am Numm vu menger Partei fir d’Stad Réimech agesat. Wéi Dir bestëmmt wësst steet fir eis d’Liewensqualitéit vun all eise Bierger, op jonk oder al, ganz uewen op der Lëscht. Duerch eng responsabel Verkéierspolitik, duerch Investitiounen an nohaltegt Wunnen, d’Schoulwiesen an an d’Sécherheet, duerch d’Stäerke vun eisem Veräinsliewen, duerch interessant Initiativen a Kultur a Sport, duerch eng innovativ Klimapolitik, wäerte mir zesumme mat Iech eis Liewensqualitéit weider erhéijen an nach vill fir Réimech erreechen.

A well mir och an den nächste Joren wëllen a stännegem Dialog mat Iech stoen, wësse mir, dass d’Erausfuerderunge fir Réimech a seng Bierger net manner ginn. Mä eng lieweg, wibbeleg an dynamesch Stad wéi eis däerf sech kee Pessimismus erlaben, och net a méi schwéieren Zäiten. An ech perséinlech hunn, wann ech éierlech soll sinn, a mengem Liewen nach ëmmer léiwer d’Erausfuerderunge gezielt wéi d’Scheewercher. Aus dësem Grond hoffen ech, dass Dir mir a menger Partei och an Zukunft nach d’Geleeënheet wäert ginn, eis fir Réimech a seng Bierger anzesetzen a Léisunge fir är Problemer ze fannen. 

Well eppes bleift och an den nächste 6 Joer sécher: Mat eis gëtt et ni en „Tjo, Réimech …“, mat der CSV gëtt et ëmmer nëmmen e „Jo, Réimech!“

Rita Wallerich

Schäffin & Präsidentin CSV Sektioun Réimech

Beitrag deelen