Skip to content

Eng Stad Fir jonk an al

Eng dynamesch Gemeng brauch jonk an al Leit, déi bereet sinn eng aktiv Roll am Gemenge Liewen ze spillen.

  • Mir wëllen e Jugend- an e Seniorenrot op d‘Been stellen. Hir Iddie sollen a mussen a politesch Decisiounen mat afléissen. D’Kommunikatioun tëscht de verschiddene Generatiounen ass e wichtege Bestanddeel vun eiser Visioun.
  • D‘Zesummenaarbecht mat eisem Jugendhaus a mat de Jugendkommissioune vun all de Veräiner aus eiser Gemeng muss weider gestäerkt ginn.
  • E Biergerzenter soll an d‘Liewe geruff ginn fir den Dialog tëschent Bierger a Gemeng ze vereinfachen.
  • Mir plangen d’Unzuel u Fräizäit a Sportméiglechkeeten fir all jonk an al Bierger ze erweideren, z.B. mat engem ëffentleche Basket- a Fussballterrain.

Den Alldag muss eisen eelere Matbierger méi einfach gemaach ginn.

  • Dofir soll d’Konzept vun eiser Navette iwwerschafft  ginn. Och e Rufbus ass eng Méiglechkeet.
  • Den Accès an d’Buser muss verbessert ginn. Trëttoiren op den Bushaltestellen sollen ugepasst ginn.
  • Op all Bushaltestell soll eng elektronesch Anzeig installéiert ginn, déi Fuerzäiten vun de Buser an Echtzäit uweist.
  • Och eis Matbierger mat ageschränkter Mobilitéit, an hir Besoinen mussen an eiser Planung mat agebonne ginn. All ëffentlech Plaze mussen e behënnertegerechten Accès kréien.
  • Essentiel Déngschtleeschtungsbetriber, wei Post a Bank mussen onbedéngt an der Gemeng bleiwen.

Beitrag deelen