Eng dynamesch Gemeng brauch jonk an al Leit, déi bereet sinn eng aktiv Roll am Gemenge Liewen ze spillen.
- Mir wëllen e Jugend- an e Seniorenrot op d‘Been stellen. Hir Iddie sollen a mussen a politesch Decisiounen mat afléissen. D’Kommunikatioun tëscht de verschiddene Generatiounen ass e wichtege Bestanddeel vun eiser Visioun.
- D‘Zesummenaarbecht mat eisem Jugendhaus a mat de Jugendkommissioune vun all de Veräiner aus eiser Gemeng muss weider gestäerkt ginn.
- E Biergerzenter soll an d‘Liewe geruff ginn fir den Dialog tëschent Bierger a Gemeng ze vereinfachen.
- Mir plangen d’Unzuel u Fräizäit a Sportméiglechkeeten fir all jonk an al Bierger ze erweideren, z.B. mat engem ëffentleche Basket- a Fussballterrain.
Den Alldag muss eisen eelere Matbierger méi einfach gemaach ginn.
- Dofir soll d’Konzept vun eiser Navette iwwerschafft ginn. Och e Rufbus ass eng Méiglechkeet.
- Den Accès an d’Buser muss verbessert ginn. Trëttoiren op den Bushaltestellen sollen ugepasst ginn.
- Op all Bushaltestell soll eng elektronesch Anzeig installéiert ginn, déi Fuerzäiten vun de Buser an Echtzäit uweist.
- Och eis Matbierger mat ageschränkter Mobilitéit, an hir Besoinen mussen an eiser Planung mat agebonne ginn. All ëffentlech Plaze mussen e behënnertegerechten Accès kréien.
- Essentiel Déngschtleeschtungsbetriber, wei Post a Bank mussen onbedéngt an der Gemeng bleiwen.