Skip to content

E klenge Bléck zeréck

D’DP-CSV Koalitioun, déi sech 2017 geformt huet, huet sech vill Gedanken gemat, wéi eng Pilieren fir Réimech wichteg wieren an doropshin e wuel iwwerluecht a strukturéiert Koalitiounsofkommes signéiert. 

Hei wëlle mir déi Aarbecht, déi bis elo geleescht gouf e bëssi méi genee beliichten. E puer Projeten konnte scho fäerdeg gestallt ginn an op ville wichtege Punkte gouf geschafft. Och vill gréisser Projeten si fäerdeg geplangt a kënne geschwënn verwierklecht ginn. 

Direkt um Ufank ass eng gréisser Aufgab, mat der Fäerdegstellung vun der fréierer Gare routière, op eis duerkomm. En zweeten décke Posten war d’Problematik vum Jousefshaus. Hei ass intensiv dru geschafft ginn, fir den Defizit ze verréngeren a sou konnte mir eng laangfristeg Léisung mat Hëllef vun engem Outsourcing duerch Servior fannen. Duerch dëse wichtege Schrëtt ergi sech fir eis Stad zukünfteg ganz nei Perspektiven.

Fir datt all Generatioun vun eise Bierger sech wuelfille kënnen, ass awer och villes am Loisir gebaut an nei geplangt ginn. Esou sinn Infrastrukture fir Kultur, Sport a Fräizäit erschaf ginn. Beispiller heivir sinn ënner anerem de Skate- a Parkourpark, d’Campcar- a Caravaneplaz, de syntheetesche Fussballterrain, eng Petanquespiste, e Paddletennis sou wéi verschidden nei Spillplazen.

Mir sinn houfreg, dass mir eis iwwer de Laf vun de leschte 6 Joer all Dag fir all Réimecher Bierger asetzen duerften. Dobäi denke mir, dass eist Engagement d’Stad Réimech e gutt Stéck no fir bruecht huet.

Beitrag deelen