Skip to content

E klenge Bléck no fir

Mir konnten an der Majoritéit an deene leschte Joren Allerlee verwierklechen, mee et kënnt an der Zukunft nach villes op eis Réimecher zou.

Esou fänkt viraussiichtlech kommenden Hierscht een vun eise wichtegste Projeten, d’Erneierung vun der Esplanade, endlech un. Wéinst senger enormer Gréisst gëtt dëse Projet a verschidde Phasen realiséiert a wäert, soubal en ofgeschloss ass, Réimech e ganz neit, schéint a modernt Gesiicht ginn.

Am Agenda vum Réimecher Masterplang 2035 steet och d’Verschéinerung vun eiser Maachergaass an d’Neigestaltung vun der Place Fernand Kons. Hei suerge mir mat klengen a gréisseren Amenagementer dofir, dass dës Plaz fir all Réimecher a Visiteur e flotten an interessanten Treffpunkt gëtt. 

Donieft geet elo de Projet Parking op der Millen inklusiv abordabelem Wunnraum an déi lescht Phase. Duerch dës Verännerung kënne mir fir eng éischt gréisser Entlaaschtung vun der Parkingsproblematik suergen.

Och am Gemengenhaus bleift Zäit net stoen. Fir eise Service fir all Bierger an d’Aarbechtskonditiounen ze verbesseren, hu mir eng komplett an nohalteg Moderniséierung vum ganze Gebai op de Wee bruecht.

Well eise Kierfecht inklusiv Morgue an d’Jore komm sinn, hu mir eis Gedanke gemaach. Eng Etude fir eng Ëmgestaltung ass scho wäit. 

Wéi dir gesitt stinn eng gréisser Unzuel u wichtegen an noutwennege Changementer virun eiser Dir. Mir gesinn dëst als flott a grouss Chance fir eis alleguer a mir freeën eis dës Aufgab zesumme mat all de Réimecher Bierger kënnen unzegoen.  

Beitrag deelen