Skip to content

Caves st. martin

Fir all den Kandidaten vun der CSV Réimech, déi bei den Gemengewalen matgemaach hunn, Merci ze soen, hat den Comité den 16.07.2023 op en gemittlecht Mëttegiessen an der Caves St. Martin agelueden.

Ausserdem hunn mir vun der Geleeënheet profitéiert, fir eis laangjäregen Memberen, déi aus dem Gemengerot respektiv hir Tätegkeeten opginn hunn, d’ Mme Weber Nicole, den M. Thiel Gaston an den M. Greiveldinger Mike ze éieren, an hinnen mat engem klengen Cadeau Merci ze soen fir hir trei a gutt Aarbecht am Sënn vun der CSV.

#csvréimech #csv #cavesstmartin

Beitrag deelen